Mir dikse mat Freed !
we si MIR ?
Mir, dat ass eng ganz Ekipp, déi sech zesummefonnt huet, fir gemeinsam eng Partie Pétanque ze spillen.
Dës Freed wëlle mir gär mat all deenen deelen, déi och Loscht op eng Partie hunn, awer net wëssen, wou a mat wiem si spille kënnen.
Dofir wëlle mir eis an engem neie Veräin organiséieren, fir dëse flotte Sport fir jiddereen méiglech an zougänglech ze maachen.
Mir freeën eis elo schonn op vill flott a geselleg Stonne mat iech zesummen, déi dëse Sport eis erméiglecht.
Well Pétanque ass méi wéi just e Spill – et ass Freed, Frëndschaft a Gesellegkeet!